Fräizäitaktivitéiten am Ellergronn

De Naturschutzzentrum Ellergronn bitt Gruppen erliefnesorientéiert Aktivitéiten un, duerch déi d’Kanner d’ Natur op spilleresch Aart a Weis erliewen, entdecken a verstoe kënnen. Mat Beweegung, Teamaarbecht, Kreativitéit an der Stimulatioun vun de Sënner ginn d' Kanner a Jugendlecher fir de Natur- an Ëmweltschutz sensibiliséiert.

Nëmme fir Fräizäitstrukturen !!!

  • // Natur erleben im Naturschutzgebiet
  • // Pädagogisch wertvolle Themen
  • // Bei Fragen, rufen Sie uns an unter +352 247 56 516
Dauer150 Minuten
Teilnehmerpro Grupp max. 15 Kanner
Wichtige Informationen

Mir bieden Iech pünktlech op Är gebuchten Aktivitéit ze kommen an eis bei all Programmännerung oder Ofso direkt ze informéieren (ellergronn@anf.etat.lu / 247 56516).

Nous vous prions d'arriver à l'heure à l'activité que vous avez réservée et de nous informer directement de tout changement ou annulation (ellergronn@anf.etat.lu / 247 56516).

Zusätzliche InformationenFräizäitaktivitéiten.pdf

Weitere Informationen

D’ Unzuel u Kanner ass pro Grupp op 15 Kanner begrenzt a mir kënne max. 6 Aktivitéite pro Maison Relais unhuelen!

Fest Schung an dem Wieder ugepasste Kleedung sinn e MUSS!

 

D' Aktivitéite fannen moies zwëschent 8.00 - 12.00 a nomëttes zwëschent 14.00 -16.00 statt a kënne flexibel ugepasst ginn. D’ Dauer vun enger Aktivitéit ass an der Reegel 2,5 Stonnen.

Fir d' Mëttespaus steet e Grill op Ufro zur Verfügung.

 

Themekomplex : Eise Frënd de Bësch


- De Bësch erliewen : Ganzjähreg I vun 3 bis 5 Joer

Vu lauter Bësch gesi mir d’Beem net! Dobäi si Beem spannend Liewewiesen, di intressant Geschichten ze zielen hunn, souwäit mir hinne richteg nolauschteren. Wärend eiser Rees duerch de Bësch entdecke mir zesummen seng Villsäitegkeet. Kommt an erlieft de Bësch op eng angeneem Aart a Weis.

 

- Natur spilleresch erliewe mat alle Sënner : Ganzjähreg I vun 3 bis 6 Joer

Kucken, Richen, Héieren, Taaschten, Schmaachen… Mir loossen äis vum Bësch verzauberen an erliewen d’Natur hautno an intensiv ënnert engem ongewéinleche Bléckwénkel. D’Wëssensvermëttlung steet manner am Virgrond.

 

Themekomplex : Mensch a Natur


- Land Art : Ganzjähreg I vun 5 bis 13 Joer

Land Art schwätzt all Sënner un, reegt d’Kreativitéit un an hëlleft d’Schéinheet vun der Natur wouer ze huelen. D’Baue vun engem fäerdege Konschtwierk steet net am Virgrond, mee mat dem ze baue wat d’Natur äis ubitt, wéi zum Beispill: Steng, Buedem, Blieder, Äscht,…

 

- Kleng Ënnerstëtzung fir d’ Villercher : 1. & 2. Trimester I vun 6 bis 10 Joer

Fir de Villercher am Wanter ënnert d’Flilleken ze gräifen, bastele mir hinne Fudder mat Hëllef vu Kiferzapfen. Déi kënnt dir och gär mat Heem huelen.

 

- Botz-Aktioun : max. 1 mol am Mount I vun 6 bis 13 Joer

Kommt w.e.g mat an hëlleft äis d’Spadséierweeër ze botzen. Et gi leider nach ëmmer Mënschen, déi hiren Offall einfach esou an d’Natur geheien. Merci am Viraus fir är Mathëllef!

 

- Mat Steng op Zäitrees : Ganzjähreg I vun 8 bis 13 Joer

Firwat gëtt de Süde vu Lëtzebuerg no engem Stee benannt? Mir tauchen an de villfältege Beräich vun der Geologie an. D' Kanner ginn ugereegt gemeinsam naturwëssenschaftlech Zesummenhäng spilleresch ze ënnersichen an ze verstoen.

 

- Schatzsich am Ellergronn :  Ganzjähreg I vun 3 bis 6 Joer (ouni Begleeder)

Enger So no hu viru laanger Zäit Minnenaarbechter e Schatz am Ellergronn verstoppt, deen nach ëmmer net fonnt ginn ass... Bréngt dir et fäerdeg, dëse Schatz ze fannen?

 

- De roude Fuedem duerch de roudeBuedem by Maskénada : Ganzjähreg I 5-13 Joer (ouni Begleeder)

Bei engem Lauschter- an Trëppeltour duerch den Ellergronn kënnt dir déi al So vum „Schlass Ellergronn“ nei erliewen. Wéi huet d’Fra vun engem Ritter am freie Mëttelalter gelieft? Um Wee duerch de Bësch entdeckt dir Géigestänn aus der Zäit vum wëlle Ritter.

 
Wunschtermin auswählen und Erlebnis buchen.