Fräizäitaktivitéiten fir d' Gemeng Esch/Alzette

De Naturschutzzentrum Ellergronn bitt Gruppen erliefnesorientéiert Aktivitéiten un, duerch déi d’Kanner d’ Natur op spilleresch Aart a Weis erliewen, entdecken a verstoe kënnen. Mat Beweegung, Teamaarbecht, Kreativitéit an der Stimulatioun vun de Sënner ginn d' Kanner a Jugendlecher fir de Natur- an Ëmweltschutz sensibiliséiert.

D’ Unzuel u Kanner ass pro Grupp op 15 Kanner begrenzt!

Fest Schung an dem Wieder ugepasste Kleedung sinn e MUSS!

E Grill steet op Ufro zur Verfügung.

Dës Aktivitéite fannen Nomëttes zwëschent 14.00 – 17.00 statt a kënne flexibel ugepasst ginn.

D’ Aktivitéiten daueren an der Reegel ongeféier zwou an eng Hallef Stonn ( Moies oder Nomëttes)

 

Themekomplex : Eise Frend de Bësch

  • De Bësch erliewen :                                     Ganzjähreg I vun 3 bis 5 Joer
  • Natur spilleresch erliewe mat alle Sënner :  Ganzjähreg I vun 3 bis 6 Joer
  • Wou fanne mir Waasser am „Ellergronn“? : Ganzjähreg I vun 6 bis 10 Joer
  • Entdeckungsrees vun de Sënner :                                   vun 3 bis 4 Joer
  • Kleng Planzschoul                                                             vun 6 bis 13 Joer

Themekomplex : Mensch a Natur

  • Mir erriichten ee Camp am Besch           Ganzjähreg I vun 6 bis 13 Joer
  • Land Art                                                  Ganzjähreg I vun 5 bis 13 Joer
  • Mat Steng op Zäitrees :                         Ganzjähreg I vun 6 bis 13 Joer
  • Botz-Aktioun         (1 mol am Mount)                            vun 6 bis 13 Joer
  • De roude Fuedem duerch de roude Buedem by Maskénada 5-13 Jahre (ouni Begleeder!)
  • Aféierung an d’Schnëtzkonscht                                    vun 8 bis 13 Joer
  • Zeechestëfter aus Holz                                                 vun 6 bis 13 Joer
  • Kleng Ënnerstëtzung fir d’ Villercher                             vun 6 bis 10 Joer
  • Fit duerch d’Fréijoer, Summer, Hiescht a Wanter          vun 8 bis 13 Joer
  • Science Fiction am Besch                            ganzjähreg vun 6 bis 13 Joer
  • // Natur erleben im Naturschutzgebiet
  • // Minen entdecken im früheren Abbaugebiet
  • // Pädagogisch wertvolle Themen
  • // Bei Fragen, rufen Sie uns an unter +352 247 56 516
Teilnehmerpro Grupp max. 15 Kanner
Wichtige Informationen

Mir bieden Iech pünktlech op Är gebuchten Aktivitéit ze kommen an eis bei all Programmännerung oder Ofso direkt ze informéieren.

Zusätzliche InformationenDépliant Centre Ellergronn.pdfFräizäitaktivitéiten Esch.pdf

Weitere Informationen

Themekomplex : Eise Frënd de Bësch

- De Bësch erliewen : Ganzjähreg I vun 3 bis 5 Joer

Vu lauter Bësch gesi mir d’Beem net! Dobäi si Beem spannend Liewewiesen, di intressant Geschichten ze zielen hunn, souwäit mir hinne richteg nolauschteren. Wärend eiser Rees duerch de Bësch entdecke mir zesummen seng Villsäitegkeet. Kommt an erlieft de Bësch op eng angeneem Aart a Weis.

 

- Natur spilleresch erliewe mat alle Sënner : Ganzjähreg I vun 3 bis 6 Joer

Kucken, Richen, Héieren, Taaschten, Schmaachen… Mir loossen äis vum Bësch verzauberen an erliewen d’Natur hautno an intensiv ënnert engem ongewéinleche Bléckwénkel. D’Wëssensvermëttlung steet manner am Virgrond.


- Wou fanne mir Waasser am „Ellergronn“? : Ganzjähreg I vun 6 bis 10 Joer

Kommt all mat, mir entdecke déi verschidde Weeër vum Reewaasser. Wo befënnt sech am „Ellergronn“ eng Waasserquell? Wéi entsteet eigentlech ee Weier? Dono schmaache mir eist gutt Drénkwaasser aus dem Krunn.

 

 - Entdeckungsrees vun de Sënner : vun 3 bis 4 Joer

Et gëtt vill Spannendes am Bësch ze entdecken. All är Sënner gi gekëddelt. Kanner kommt, fir déi wonnerbar Natur hautno ze erliewen. Spaass ass Programm!

 

- Kleng Planzschoul vun 6 bis 13 Joer  ( 1 Sessioun am Hierscht an 1 am Fréijoer )

Mir versichen aus Käschten, Eechelen a Bichenecker kleng Beem grousszezillen. Dir musst dës Nëssfriichte gutt versuergen, esou datt se wuesse kënnen. Geléngt dat, kënne mer déi jonk Beem gezielt am Fréijoer aplanzen.

 

Themekomplex : Mensch a Natur

- Land Art : Ganzjähreg I vun 5 bis 13 Joer

Land Art schwätzt all Sinner un, reegt d’Kreativitéit un an hëlleft d’Schéinheet vun der Natur wouer ze huelen. D’Baue vun engem fäerdege Konschtwierk steet net am Virgrond, mee mat dem ze baue wat d’Natur äis ubitt, wéi zum Beispill: Steng, Buedem, Blieder, Äscht,…


- Mir erriichten ee Camp am Besch : Ganzjähreg I vun 6 bis 13 Joer

Wichtig ! Et musse 4 Seance gebucht ginn!!

Bei dësem nohaltege Projet geet et drëms, aktiv a kreativ matzewierken beim Opbau vun engem Camp.Et gëtt ëmmer eppes ze maachen, fir d’Ariichtung mei funktionell a méi gemitterlech ze gestalten. Mir bauen een Dësch, zwou Bänken, een Dach,eng Etagère, eng Feierplaz, eng Wäschstatioun,…

 

- Op der Sich no Fossilien : Ganzjähreg I vun 6 bis 13 Joer

Op der Sich no FossilienViru ± 183 Millioune Joer war och an Esch e Mier. Wann dir gutt sicht, fannt der och ouni Hummer a Meessel verstengert Mieresdéieren a Fossilie genannt! Kommt mat ob Fossilie-Sich.

 

- Botz-Aktioun : 1 mol am Mount I vun 6 bis 13 Joer

Kommt w.e.g mat an hëlleft äis d’Spadséierweeër ze botzen. Et gi leider nach ëmmer Mënschen déi hiren Offall einfach esou an d’Natur geheien. Merci am Viraus fir är mathëllef!

 

- De roude Fuedem duerch de roudeBuedem by Maskénada :  Ganzjähreg I 5-13 Joer (ouni Begleeder!)

Bei engem lauschter- an Trëppeltour duerch den Ellergronn kënnt dir di al So vum „Schlass Ellergronn“ nei erliewen. Wie huet d’Fra vun engem Ritter am freie Mëttelalter gelieft? Um Wee duerch de Bësch entdeckt dir Géigestänn aus der Zäit vum wëlle Ritter.

 

- Aféierung an d’Schnëtzkonscht :   Ganzjähreg I vun 8 bis 13 Joer

Ween huet Loscht Schnëtzen ze léieren? Weien Holz brauche mer? Mat Fauschtgrëff ginn di éischt Graff Schnëtt duerchgefouert. De Feischlëff bréngt Detail an de Projet. Kanner, kommt an maacht mat! Maximum 10 Kanner!


- Zeechestëfter aus Holz :   Ganzjähreg I vun 6 bis 13 Joer

Aus Holz kënnt dir so munches hierstellen. Eng dovun ass Zeechekuel. Sidd dir intresséiert wéi een dat hierstellt, da kommt bei äis. Ech weisen Iech wéi een Äscht schneit, schielt an erhëtzt.

 

- Kleng Ënnerstëtzung fir d’ Villercher : 1. & 2. Trimester  I vun 6 bis 10 Joer

Fir de Villercher am Wanter ënnert d’Flilleken ze gräifen, bastele mir hinne Fudder mat hëllef vu Kieferzapfen. Déi kënnt dir och gär mat Heem huelen.

 

- Fit duerch d’Fréijoer, Summer, Hiescht a Wanter : Ganzjähreg I  vun 8 bis 13 Joer

Ween vun Iech Kanner huet Loscht sech sportlech duerch di gesond Loft vum Bësch ze beweegen a wieder wäitleefeg Gebidder vum Naturschutzreservat „Ellergronn“ ze erkënnegen? Maximum 10 Kanner!


- Science Fiction am Bësch :   Ganzjähreg I  vun 6 bis 13 Joer

Héi wäerte mer déi laanscht de Wee fonnteBlieder, Moos (oder wann der wëllt,gestuerwen Insekten) méi genee ënnertdem Mikroskop kucken a staunen. WOW-Effekt garantéiert.