De Naturschutzzentrum Ellergronn bitt erliefnesorientéiert Aktivitéiten un, duerch déi d’Kanner mat Freed d’Natur op spilleresch Aart a Weis entdecken an erliewen. D'Sënner vun de Kanner ginn duerch Spill a Beweegung stimuléiert, hir Kreativitéit gefërdert an esou gi si fir de Bësch, den Natur- an Ëmweltschutz sensibiliséiert.
D’Unzuel u Kanner ass pro Grupp op 15 Kanner begrenzt! (Bei ausgewielten Aktivitéite kënne maximal 10 Kanner deelhuelen.)
Denkt u fest Schung an dem Wieder ugepasste Kleedung!
D'Aktivitéite fannen an der Reegel nomëttes zwëschent 14.00 – 16.00 statt an daueren 2 Stonnen. Op Ufro kann den Horaire ugepasst ginn, gitt dëst wgl. bei der Umeldung un.
E Grill steet op Ufro zur Verfügung.
Zousätzlech Aktivitéit an der Allerhellegevakanz: Hierscht-Wanter-Deko (max. 10 Kanner)
Wichteg: Fir d'Aktivitéit " Mir bauen e Camp am Bësch" mussen déi 4 Seancen zesumme gebucht ginn!
Themekomplex : Eise Frend de Bësch
- Chillen a spillen am Bësch 2 bis 5 Joer
- Entdeckungsrees vun de Sënner 3 bis 4 Joer
- De Bësch erliewen 3 bis 5 Joer
- Natur spilleresch erliewe mat alle Sënner 3 bis 6 Joer
- Achtsamkeetsspiller 4 bis 12 Joer
- Bësch-Nomëtte vun de Kanner geleet 4 bis 12 Joer
- Wou fanne mir Waasser am Ellergronn? 6 bis 10 Joer
- Survival-Mëtten 6 bis 12 Joer
- Kleng Planzschoul 6 bis 13 Joer
- Fit duerch d’Joreszäiten (max. 10 Kanner) 8 bis 13 Joer
Themekomplex : Mensch a Natur
- Schmuck aus dem Bësch (max. 10 Kanner) 4 bis 12 Joer
- Land Art 5 bis 13 Joer
- De roude Fuedem duerch de roude Buedem by Maskénada 5 bis 8 Joer (ouni Begleeder!)
- Kleng Ënnerstëtzung fir d’Villercher 6 bis 10 Joer
- Botz-Aktioun 6 bis 13 Joer
- Op der Sich no Fosilien 6 bis 13 Joer
- Mir bauen e Camp am Besch (4 Seancen!) 6 bis 13 Joer
- Science Fiction am Besch 6 bis 13 Joer
- Zeechestëfter aus Holz 6 bis 13 Joer
- Feier? Jo! Awer clever! 7 bis 12 Joer
- Holzspiller hierstellen (max. 10 Kanner) 7 bis 12 Joer
- Aféierung an d’Schnëtzkonscht (max. 10 Kanner) 8 bis 13 Joer
- // Natur erleben im Naturschutzgebiet
- // Minen entdecken im früheren Abbaugebiet
- // Pädagogisch wertvolle Themen
- // Bei Fragen, rufen Sie uns an unter +352 247 56 516
| Dauer | 2 Stunden |
|---|---|
| Teilnehmer | pro Grupp max. 15 Kanner |
| Wichtige Informationen | D'Auerzäit ass an der Reegel vu 14.00-16.00, ausser Dir hutt bei der Umeldung en aneren Horaire uginn! Mir bieden Iech pünktlech op Är gebuchten Aktivitéit ze kommen an eis bei all Programmännerung oder Ofso direkt ze informéieren. |
| Zusätzliche Informationen | Dépliant Centre Ellergronn.pdfFräitzäitprogramm 2025 - 2026 Esch komp.pdf |
Weitere Informationen
zousätzlech Aktivitéit an der Allerhellegevakanz:
- Hierscht-Wanter-Deko (max. 10 Kanner) : 5-12 Joer
Mir entdecken d'Naturmateralien, déi mir am Hierscht am Bësch fannen a bastelen eng flott Dekoratioun. Horaire an der Vakanz: 9.00-11.30 oder 14.00-16.30.
Themekomplex : Eise Frënd de Bësch
- Chillen a spillen am Bësch : vun 2 bis 5 Joer
Mir spillen an entdecken de Bësch. Eis motoresch Fäegkeeten entwéckelen sech beim kloteren vun aleng. Mir fannen awer och zur Rou an eiser Kreativitéit sinn keng Grenze gesat. Ganz wichteg: -> KEE STRESS a looss eis gewäerden a selwer entdecken
- Entdeckungsrees vun de Sënner : vun 3 bis 4 Joer
Et gëtt vill Spannendes am Bësch ze entdecken. All är Sënner gi gekëddelt. Kanner kommt, fir déi wonnerbar Natur hautno ze erliewen. Spaass ass Programm!
- De Bësch erliewen : vun 3 bis 5 Joer
Vu lauter Bësch gesi mir d’Beem net! Dobäi si Beem spannend Liewewiesen, déi intressant Geschichten ze zielen hunn, souwäit mir hinne richteg nolauschteren. Wärend eiser Rees duerch de Bësch entdecke mir zesummen seng Villsäitegkeet. Kommt an erlieft de Bësch op eng angeneem Aart a Weis.
- Natur spilleresch erliewe mat alle Sënner : vun 3 bis 6 Joer
Kucken, Richen, Héieren, Taaschten, Schmaachen… Mir loossen äis vum Bësch verzauberen an erliewen d’Natur hautno an intensiv ënnert engem ongewéinleche Bléckwénkel. D’Wëssensvermëttlung steet manner am Vierdergrond.
- Achtsamkeetsspiller : vu 4 bis 12 Joer
Gi mir wierklech achtsam duerch den Alldag? Kréien mir wierklech ëmmer alles mat? Mir maachen e puer Übungen.
- Bësch-Nomëtte vun de Kanner geleet : vu 4 bis 12 Joer
D’Kanner decidéieren, wat am Bësch leeft. Zil: An der Maison relais solle sech d’Kanner Gedanke maachen an zesummen entscheeden, wat mir am Bësch wäerte maachen. Deelt eis, wa méiglech eng Woch am Viraus mat, wat d’Kanner sech iwwerluecht hunn an da bidde mir de Kader.
- Wou fanne mir Waasser am Ellergronn? : vu 6 bis 10 Joer
Kommt all mat, mir entdecke déi verschidde Weeër vum Reewaasser. Wou befënnt sech am Ellergronn eng Waasserquell? Wéi entsteet eigentlech ee Weier? Dono schmaache mir eist gutt Drénkwaasser aus dem Krunn.
- Survival-Mëtten : vu 6 bis 12 Joer
Mir léieren eist Feier unzemaachen, setzen eis gemittlech ronderëm an kënnen eise Bengel schnëtzen. Mir maachen eisen Deeg fir Stockbrout fäerdeg. Esou iwwerliewen mir de Mëtteg an der schuckeleger Wiermt vum Feier a kréien nach eppes Guddes ze iessen. Ganz wichteg: -> KEE STRESS
- Kleng Planzschoul : vun 6 bis 13 Joer
Mir versichen aus Käschten, Eechelen a Bichenecker kleng Beem grousszezillen. Dir musst dës Nëssfriichte gutt versuergen, esou datt se wuesse kënnen. Geléngt dat, kënne mir déi jonk Beem geziilt am Fréijoer aplanzen.
Themekomplex : Mensch & Natur
- Schmuck aus dem Bësch (max. 10 Kanner) : vu 4 bis 12 Joer
Mir ginn Hielenner schneiden an maachen eis eng Ketten doraus. Mer kënnen Holz Scheiwen ofseeën, se propper schläifen, bemolen an eis e Schlëssel- oder Rucksak-Unhänger bastelen.
- Land Art : vu 5 bis 13 Joer
Land Art schwätzt all Sënner un, reegt d’Kreativitéit un an hëlleft d’Schéinheet vun der Natur wouer ze huelen. D’Baue vun engem fäerdege Konschtwierk steet net am Vierdergrond, mee mat deem ze baue wat d’Natur äis ubitt, wéi zum Beispill: Steng, Buedem, Blieder, Äscht,…
- De roude Fuedem duerch de roude Buedem by Maskénada (ouni Begleeder!) : vu 5 bis 8 Joer
Bei engem lauschter- an Trëppeltour duerch den Ellergronn kënnt dir déi al So vum „Schlass Ellergronn“ nei erliewen. Wie huet d’Fra vun engem Ritter am freie Mëttelalter gelieft? Um Wee duerch de Bësch entdeckt dir Géigestänn aus der Zäit vum wëlle Ritter.
- Kleng Ënnerstëtzung fir d’ Villercher : 1. & 2. Trimester I vu 6 bis 10 Joer
Fir de Villercher am Wanter ënnert d’Flilleken ze gräifen, bastele mir hinne Fudder mat Hëllef vu Dillendäpp. Déi kënnt dir och gär mat heem huelen.
- Botz-Aktioun : 1 mol am Mount I vu 6 bis 13 Joer
Kommt wgl. mat an hëlleft äis d’Spadséierweeër ze botzen. Et gi leider nach ëmmer Mënschen, déi hiren Offall einfach esou an d’Natur geheien. Merci am Viraus fir är Mathëllef!
- Op der Sich no Fossilien : vu 6 bis 13 Joer
Viru ± 183 Millioune Joer war och an Esch e Mier. Wann dir gutt sicht, fannt der och ouni Hummer a Meessel verstengert Mieresdéieren, och Fossilie genannt! Kommt mat op Fossilie-Sich.
- Mir bauen e Camp am Besch : vu 6 bis 13 Joer Wichteg ! Et musse 4 Seance gebucht ginn!!
Bei dësem nohaltege Projet geet et drëms, aktiv a kreativ matzewierken beim Opbau vun engem Camp.Et gëtt ëmmer eppes ze maachen, fir d’Ariichtung mei funktionell a méi gemitterlech ze gestalten. Mir bauen en Dësch, zwou Bänken, en Dach, eng Etagère, eng Feierplaz, eng Wäschstatioun,…
- Science Fiction am Bësch : vu 6 bis 13 Joer
Héi wäerte mir Blieder, Moos a wann dir wëllt, gestuerwen Insekten méi genee ënnert dem Mikroskop kucken a staunen. WOW-Effekt garantéiert.
- Zeechestëfter aus Holz : vu 6 bis 13 Joer
Aus Holz kënnt dir so munches hierstellen. Eppes dovun ass Zeechekuel. Sidd dir intresséiert wéi een déi hierstellt? Da kommt bei äis a gitt gewuer wéi een Äscht schneit, schielt an erhëtzt.
- Feier? Jo! Awer clever! : 1. & 2. Trimester I vu 7 bis 12 Joer
Feier ka spannend sinn, wann ee weess, wéi et geet! Bei dëser Aktivitéit léiers du, wéi een op eng sécher an spaasseg Aart mam Feier ëmgeet – ganz ouni sech ze verbrennen!
- Holzspiller hierstellen (max. 10 Kanner) : vu 7 bis 12 Joer
Memory: Mir seeën Kaweechelcher oder Fiss eraus, schläifen se a molen se un.
Mensch ärger dich nicht: Mir schläifen eis Holzscheif an molen eist Feld op. Mir schnëtzen eis Männercher oder si kreativ an erfannen eppes ganz Neies.
- Aféierung an d’Schnëtzkonscht (max. 10 Kanner) : vun 8 bis 13 Joer
Ween huet Loscht schnëtzen ze léieren? Wéi en Holz brauche mir dofir? Mam Fauschtgrëff ginn déi éischt graff Schnëtt duerchgefouert. De feine Schlëff bréngt Detail an de Projet. Kanner, kommt an maacht mat!
- Fit duerch d’Joreszäiten (max. 10 Kanner) : vun 8 bis 13 Joer
Ween vun iech Kanner huet Loscht sech sportlech duerch déi gesond Loft vum Bësch ze beweegen a weider wäitleefeg Gebidder vum Naturschutzreservat „Ellergronn“ ze erkënnegen?