Fräizäitaktivitéiten am Ellergronn

De Naturschutzzentrum Ellergronn bitt Gruppen erliefnesorientéiert Aktivitéiten un, duerch déi d’Kanner d’Natur op spilleresch Aart a Weis erliewen, entdecken a verstoe kënnen. Mat Beweegung, Teamaarbecht, Kreativitéit an der Stimulatioun vun de Sënner ginn d' Kanner a Jugendlecher fir de Natur- an Ëmweltschutz sensibiliséiert.

Nëmme fir Fräizäitstrukturen !!!

D’Unzuel u Kanner ass pro Grupp op 15 Kanner begrenzt a mir kënne max. 5 Aktivitéite pro Maison Relais unhuelen!

Fest Schung an ugepasste Kleeder fir an de Bësch sinn e MUSS!


  • // Natur erleben im Naturschutzgebiet
  • // Pädagogisch wertvolle Themen
  • // Bei Fragen, rufen Sie uns an unter +352 247 56 516
Teilnehmerpro Grupp max. 15 Kanner
Wichtige Informationen

Wa bei der Buchung keng aner Auerzäit ugefrot gouf, da gëlt den Horaire, deen um Ticket steet. Gouf eng aner Auerzäit ugefrot, da gëllt dës Auerzäit.

Denkt wgl. u gutt Schong an u Kleedung, déi fir eng Aktivitéit am Bësch gëeegent sinn! Weider Infoen am PDF-Dokument "Safety_DE_FR_PT_EN"

Mir bieden Iech pünktlech op Är gebuchten Aktivitéit ze kommen an eis bei all Programmännerung oder Ofso direkt ze informéieren ([email protected] / 247 56516).

--------------------------

Sauf indication contraire lors de la réservation, l'heure indiquée sur le billet s'applique. Si une autre heure a été demandée, c'est celle-ci qui s'applique.

Pensez à porter des chaussures solides et des vêtements adaptés aux activités en forêt! Plus d'infos dans le document "Safety_DE_FR_PT_EN".

Nous vous prions d'arriver à l'heure à l'activité que vous avez réservée et de nous informer directement de tout changement ou annulation ([email protected] / 247 56516).

Zusätzliche InformationenSafety_DE_FR_PT_EN.pdfFräitzäitprogramm 2026-2027.pdf

Weitere Informationen

D’Unzuel u Kanner ass pro Grupp op 15 Kanner begrenzt a mir kënne max. 6 Aktivitéite pro Maison Relais unhuelen!

Fest Schung an ugepasste Kleeder fir an de Bësch sinn e MUSS!

 

D'Aktivitéite fannen an der Schoulzäit dënschdes an donneschdes nomëttes statt. Wärend de Vakanze kënne moies an nomëttes Aktivitéiten ugebueden ginn. Den Horaire kann no Äre Besoine flexibel ugepasst ginn, dofir gitt wgl. bei der Reservéierung déi gewënschten Zäit un. Eng Aktivitéit dauert an der Reegel 2 bis 2,5 Stonnen.

Fir d'Mëttespaus steet e Grill op Ufro zur Verfügung (wgl. bei der Reservatioun vun der Aktivitéit uginn).

 

Lëscht vun den Aktivitéite fir Fräizäitstrukturen:

- Entdeckungsrees vun de Sënner : 3 - 4 Joer
Et gëtt vill Spannendes am Bësch ze entdecken. All är Sënner gi gekëddelt. Kanner kommt, fir déi wonnerbar Natur hautno ze erliewen. Spaass ass Programm!

- De Bësch erliewen : 3 - 5 Joer
Vu lauter Bësch gesi mir d’Beem net! Dobäi si Beem spannend Liewewiesen, di intressant Geschichten ze zielen hunn, souwäit mir hinne richteg nolauschteren. Wärend eiser Rees duerch de Bësch entdecke mir zesummen seng Villsäitegkeet. Kommt an erlieft de Bësch op eng angeneem Aart a Weis.

- Insektesafari: 3 - 10 Joer | nëmmen am 3. Trimester
Wat krabbelt, spréngt a flitt dann do? Ausgestatt mat enger Becherlupp tauche mir an an d’Räich vu Kiewerlek, Päiperlek & Co a fannen dobäi eraus, wat et alles Interessantes ze entdecke gëtt an där verbuergener Welt laanscht de Wee.

- Schatzsich am Ellergronn : 3 - 6 Joer (ouni Begleeder)
Enger So no hu viru laanger Zäit Minnenaarbechter e Schatz am Ellergronn verstoppt, deen nach ëmmer net fonnt ginn ass... Bréngt dir et fäerdeg, dëse Schatz ze fannen?

- Natur spilleresch erliewe mat alle Sënner : 4 - 8 Joer
Kucken, Richen, Héieren, Taaschten, Schmaachen… Mir loossen eis vum Bësch verzauberen an erliewen d’Natur hautno an intensiv ënnert engem ongewéinleche Bléckwénkel. D’Wëssensvermëttlung steet manner am Vierdergrond.

- Land Art : 5 - 12 Joer
Land Art schwätzt all Sënner un, reegt d’Kreativitéit un an hëlleft d’Schéinheet vun der Natur wouer ze huelen. D’Baue vun engem fäerdege Konschtwierk steet net am Vierdergrond, mee mat deem ze baue wat d’Natur eis ubitt, wéi zum Beispill: Steng, Buedem, Blieder, Äscht,…

- Botz-Aktioun : 6 - 12 Joer
Kommt w.e.g mat an hëlleft äis d’Spadséierweeër ze botzen. Et gi leider nach ëmmer Mënschen, déi hiren Offall einfach esou an d’Natur geheien. Merci am Viraus fir är Mathëllef!

- Op der Sich no Fossilien : 6 - 12 Joer
Viru ± 183 Millioune Joer war och an Esch e Mier. Wann dir gutt sicht, fannt der och ouni Hummer a Meessel verstengert Mieresdéieren, och Fossilie genannt! Kommt mat op Fossilie-Sich.

- Missioun Ellergronn : 6-8 Joer (C2) , 8-10 Joer (C3) & 10-12 Joer (C4) (ouni Begleeder)
Bei dëser Aktivitéit maacht dir als Grupp ouni Begleeder een Tour duerch den Ellergronn. Ënnerwee kritt dir eng Rei Aufgaben ze léisen. Am Accueil kritt dir all néideg Informatioune wéi Weebeschreiwung a Material. Dës Missioune sinn de verschiddene Cyclen ugepasst!

 
Wunschtermin auswählen und Erlebnis buchen.